“Eise kulturelle Patrimoine gehéiert zum Fundament vun eiser Gesellschaft. Dofir musse mer e fir déi nächst Generatiounen erhalen a valoriséieren.”
Premierminister, Kulturminister
“Le patrimoine culturel n’est pas seulement un legs du passé, il est aussi une ressource pour notre avenir.”
Europäesche Kommissär fir Bildung, Kultur, Jugend a Sport
Verpasst net d’Geleeënheet, fir bei enger ganzer Rei vun aussergewéinleche Veranstaltunge matzemaachen, déi geduecht sinn, fir de Räichtum an d’Vilfalt vum europäesche Patrimoine ervirzehiewen!
Et geet ëm d’Gesamtheet vun de weiderverierfte Ressourcen aus der Vergaangenheet, all Formen an all Aspekter zesummegeholl, materieller, immaterieller an digitaler.
Heizou gehéiere besonnesch:
Am Laf vum Joer 2018 fannen a ganz Europa Dausende vun Aktivitéiten a Festivitéite statt.
Op europäeschem Niveau lancéieren d’europäesch Institutiounen an all d’Staaten onbeschreiflech vill Initiativen.
Zu Lëtzebuerg steet d’europäescht Joer vum kulturelle Patrimoine ënner dem Zeeche vun 3 Themen, déi alleguer resolut an d’Zukunft kucken.
Fir d’Opwäertung an den Erhalt vum kulturelle Patrimoine fir d’zukünfteg Generatioune sécherzestellen, drängt sech d’Iwwerliwwerung vum Wëssen a vum Know-how ronderëm de Patrimoine fërmlech op. Et geet drëm, déi Jonk ze responsabiliséieren, andeems een hinnen de kulturelle Patrimoine an d’Wäerter, déi doraus vermëttelt ginn, bewosst mécht, fir datt se sech fir d’Saach asetzen. An deem Sënn soll och déi net-formal Bildung agesat ginn an, méi allgemeng, soll eng Sensibiliséierung stattfanne fir déi Beruffer, déi dem Patrimoine déngen.
Fir de Fortbestand vum kulturelle Patrimoine ze sécheren, musse säin Erhalt a seng Opwäertung a méi e breetgefächerte Projet vun nohalteger Entwécklung ageschriwwe ginn. Genee wéi déi natierlech Ëmwelt gëtt och de kulturelle Patrimoine wéi eng richteg, net-erneierbar Ressource verwalt, déi et gëllt an d’Entwécklung an d’nohalteg Gestioun vum Territoire anzeglidderen. D’Notioune vun Erëmbenotzen a vu Respekt vun der Ëmwelt, awer och d’Entwécklung vun nohaltegem Tourismus an d’Ervirhiewe vun de wirtschaftlechen Auswierkunge mussen Hand an Hand goe mam Schutz vum kulturelle Patrimoine.
Ouni Zweiwel sinn déi nei Technologien am XXIe Joerhonnert e Vecteur fir gläichzäiteg den Erhalt an d’Vermëttlung vum kulturelle Patrimoine. Effektiv kënnen déi nei Technologien hire Bäitrag zum Erhalt op laang Siicht vu verschiddenen Typpe vu Patrimoine leeschten, jo, si suergen esouguer selwer fir e rezente Patrimoine, dee mat digitalem Ursprong. Gläichzäiteg sensibiliséieren si e breede Publikum, an dorënner virun allem déi Jonk, mat Technike wéi där vun der erweiderter oder virtueller Wierklechkeet fir d’Uleies vum kulturelle Patrimoine.
Während dem ganze Joer 2018 ginn d’Projete riichtduerch gelabelt. Hei fannt Dir all Projete vum europäesche Joer vum kulturelle Patrimoine!
Un Initiativen, sief et institutionneller, assoziativer oder där, déi d’Bierger an d’Liewe ruffen, feelt et Lëtzebuerg net. 2018-Europäescht Joer vum kulturelle Patrimoine, bitt eng excellent Geleeënheet, all dës Initiativen zesummen ze feieren.
All Eenzelne ka sech um Succès vun dësem europäesche Joer bedeelegen; e Joer vum kulturelle Patrimoine vu jiddwerengem fir jiddwereen, esou kéint een de Wonsch duerfir formuléieren!