Wat et alles iwwert de Kleeschen ze entdecke gëtt

27 novembre 2018 - 4 décembre 2018
Éducation/Sensibilisation
Atelier, Atelier pédagogique, Jeune public

D’Liewen, d’Legenden an d’Geschichte vum Hellegen Zinniklos Spillen, (no)liesen, bastelen, Froe stellen an Äntwerte sichen ….

D’Kanner ginn an dësem Workshop op Entdeckungsrees an fannen Interessantes, Onbekanntes a Lëschteges iwwert dësen hellege Mann eraus, léieren, wéi a wou hie gelieft huet a wat esou alles iwwert hien a vun him erzielt gëtt.

Dauer: 90 Minutten.
Fir Familljen, Maisons Relais, Gruppen, …
Alter: Cycle 2.2 – 3.2. Maximal 20 Kanner.
Sprooch: Lëtzebuergesch.
Plaz: ErwuesseBildung (Centre Convict, Gebäi G, RdC) 5, avenue Marie-Thérèse, Lëtzebuerg.
Entrée: 15€/Kand.
Umeldung obligatoresch: Tel.: +352 44743340. Gitt w.e.g. d’Coursnummer vun der gewënschten Séance, d’Zuel an den Alter vun de Kanner un.
Cours Nr.:
27.11.2018 / 14.00 Auer: 184820M
4.12.2018 / 14.00 Auer: 184830M

Horaire
27 novembre 2018 14h00
4 décembre 2018 14h00
Lieu
Luxembourg-Ville
Producteur/porteur du projet
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
2132 Luxembourg
Contact
Mertes, Danielle
danielle.mertes@ewb.lu
+352 44743340
Illustratioun: Fernand Urhausen (aus dem Buch « Vu Klacken, Klibberen a Kleeschen » Editions Saint-Paul)