Wann d’Wuert Konscht gëtt – dem Théo Kerg säin Alphabet liesen a verstoen: Schrëft a Liicht am Dialog an der Centser Kierch

30 septembre 2018
Éducation/Sensibilisation
Visite guidée

Am Kader vun der Ausstellung “Schrift und Bild im Dialog”, déi momentan am Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL) zu Miersch  e.a. de Vernetzungen vum Lëtzebuerger Kënschtler Théo Kerg (1909-1993) mat der europäescher Literatur nogeet, invitéiert den CNL op eng Visite guidée vun der Centser Helleg-Geescht-Kierch, wou den Théo Kerg säi gréissten taktilisteschen Environnement am Grand-Duché geschafen huet. A senge faarwege Fënsteren an dem liturgesche Mobilier gräift de Schüler vum Paul Klee zum Deel op de “Spatialisme” vum franséische Schrëftsteller Pierre Garnier zeréck. De Marc Jeck hëllt Iech mat op eng spannend Reess, bei där dem Kerg säin artistescht Alphabet an engem Raum, wou d’Wuert an d’Liicht dominéieren, déchiffréiert gëtt

Départ/Rendez-Vous : Kierch um Cents (Eck rue de Trèves/boulevard Simonis)

Inscriptiounen: SSMN tél. +352 247-86650 oder  +352 247-86652, email: info@ssmn.public.lu.

Organiséiert vum Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL) an Zesummenaarbecht mat der Por Notre-Dame.

Féierung op Lëtzebuergesch.

Horaire
30 septembre 2018 17h00
Lieu
Luxembourg-Ville
Producteur/porteur du projet
Centre national de littérature
2, rue Emmanuel Servais
7565 Mersch
Contact
Centre national de littérature
info@cnl.public.lu
+352 326955-1
Photo mit Stiroporentwürfen von Théo Kerg für den Altar
Tabernakel © Marc Jeck
Kreuz-Altar Cents © Marc Jeck