Vum Hl. Niklos an anere Patréiner: Visite-Konferenz an der Kierch zu Housen

4 novembre 2018
Éducation/Sensibilisation
Conférence, Musique, Visite guidée

Wärend Joerhonnerten ass d’Uertschaft Housen gepräägt ginn duerch d’Augustinerinneklouschter, wat an der Mëtt vum Duerf stoung. Déi adeleg Klouschterfraen, déi sech hei kuerz nom Joer 1100 néiergelooss haten, waren awer net nëmme fromm, si haten och grouss Besëtztemer, hu Landwirtschaft bedriwwen an d’Kierchen an der Ëmgéigend mat ënnerhalen. Och déi haiteg imposant Kierch ass an der Mëtt vum 18. Jh. als Klouschter- a Porkierch gebaut ginn. Zënter datt den opgekläerten Herrscher Joseph II. 1784 déi beschaulech Uerde verbueden an d’Klouschter opgeléist hat, ass d’Kierch just nach als Porkierch genotzt ginn. Am 2. Weltkrich hat se staark gelidden, gouf awer dono nees opgebaut. De Patréiner vun der Housener Kierch ass den Hl. Niklos, de Kleeschen, deen zu Lëtzebuerg e reegelrechte Vollekshellegen ass.

De Jos Müller, Lokalhistoriker, gëtt a sengem Bäitrag en Abléck an dat enkt Zesummeliewe vun der Duerfbevëlkerung mat hirem Klouschter (gëtt virgedroe vum Jeannette Bechtold). D’Christiane Kremer-Hoffmann, Theologin, schwätzt iwwert d’Kierchepatréiner an hir Bedeitung, a speziell vum Hl. Niklos, deen net nëmme fir d’Kanner wichteg war.
Tëschent deenen eenzele Virträg léisst d’Chorale Ste Cécile mat hire Lidder de Raum erkléngen.

Horaire
4 novembre 2018 16h00
Lieu
Hosingen
Producteur/porteur du projet
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
2132 Luxembourg
Contact
Simon, Laure
laure.simon@ewb.lu
+352 691 804082