Stommfilmer a Musek vun der Lou Koster

7 octobre 2018
Éducation/Sensibilisation
Concert, Film

Am Kader vun der Année européenne du patrimoine culturel a vun der Ausstellung iwwert den Art déco zu Lëtzebuerg am MNHA, presentéiere mer am Auditorium vum Musée Dräi Eechelen Stommfilmer aus dem CNA mat Musek vun der lëtzebuergescher Komponistin Lou Koster (1889-1973), déi an den 1920er Jore reegelméisseg Stommfilmer an de Lëtzebuerger Kinoe musikalesch um Piano begleet huet.
D’Originalpartiture vun der Lou Koster, déi haut am CID | Fraen a Gender an an der Nationalbibliothéik versuergt ginn, sinn de roude Fuedem fir d’Pianistin Jessica Chan an d’Realisatrice Anne Schiltz fir des artistesch an historesch Performance ze gestalten.
D’Danielle Roster, chargée culturelle am CID | Fraen a Gender a Spezialistin vun der Lou Koster, gëtt Erklärungen zur Praxis vun enger Stommfilmmusikerin.

Jessica Chan, Pianistin
Anne Schiltz, Realisatioun
Danielle Roster, Presentatioun
Dauer : 2 Stonnen
Lieu : Auditoire am Musée Dräi Eechelen.

Horaire
7 octobre 2018 15h00
Lieu
Luxembourg-Ville
Producteur/porteur du projet
Musée national d'histoire et d'art
Marché-aux-Poissons
2345 Luxembourg
Contact
Musée national d'histoire et d'art
patrimoine@mnha.etat.lu
+352 47 93 30 1 / +352 47 93 30 - 214
Lou Koster mit Hut © Archiv Lou Koster CID Fraen an Gender
Lisez Le Film luxembourgeois, affiche de Raymon Mehlen (1914-1983), Impr. Art. Ed. Huss & Cie Luxbg., 1934 © CNL, photo T. Lucas.