Rutt oder Tiitche vum Kleeschen: Visit-Konferenz vun der Kierch vu Réimech

7 octobre 2018
Éducation/Sensibilisation
Conférence, Musique, Visite guidée

Déi haiteg Réimecher Kierch gouf 1817 op der Plaz vun der Virgängerkierch gebaut. Si krut hiren imposante barocke Frontgiewel 1904. Besonnesch markant ass ausserdeem de réimesch-fränkeschen Tuerm, deen ursprénglech e Waachtuerm mat Pechnues war. Och op der Musel gëtt de Kleesche veréiert. D’Por krut viru kuerzem, op Wonsch vun de Leit, den Hellegen Niklos zum Patréiner. Seng Roll als Patréiner vun de Leit, déi mat der Schëfffaart ze dinn hunn, huet op der Musel eng besonnesch Bedeitung.

De Jean-Louis Zeien, Schoulreferent am Äerzbistum, schwätzt driwwer, wéi eng Roll den Hellege Mann an der Erzéiung, an der Famill an an der Gesellschaft spillt a werft dobäi e Bléck op den historesche Personnage a seng Legenden. De Gérard Kieffer, Ëmweltreferent am Äerzbistum, féiert duerch seng Heemechtskierch a verzielt och vum Brauchtum zum Kleeschen op der Musel, fréier an haut.
Tëschent deen eenzele Virträg léisst den Organist Patrick Wilwert mat passender Musek de Raum erkléngen.

Horaire
7 octobre 2018 16h00
Lieu
Remich
Producteur/porteur du projet
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
2132 Luxembourg
Contact
Simon, Laure
laure.simon@ewb.lu
+352 691 804082
© Christophe Hubert