Op de Spure vum Hl. Niklos: Visite-Konferenz an der Kathedral

25 novembre 2018
Éducation/Sensibilisation
Conférence, Musique, Visite guidée

Op de Spure vum Hl. Niklos, vu sengem richtege Liewen am réimesche Räich bis an d’Stad Lëtzebuerg. Iwwer 600 Joer gouf et matten an der Alstad eng kleng Porkierch, d’Nikloskierch. Si ass Enn 18. Joerhonnert ofgerappt ginn. Well am 18. Joerhonnert d’Jesuiten hu mussen d’Land verloossen, huet d’Maria-Theresia der Stad Lëtzebuerg dann déi fréier Jesuitekierch als Porkierch geschenkt, déi du fir eng Zäitchen „Église Saint-Nicolas et Sainte-Thérèse“ geheescht huet, ier se zur Kathedral gouf. D’grouss Statu vum Kleeschen iwwert der Haaptentrée erënnert dorunner. De groussen Hellegen, deen am 3./4. Joerhonnert an der haiteger Tierkei gelieft huet, gouf ganz besonnesch an der Stad veréiert, wat sech net zulescht un typesche Legende weist, déi an der Alstad selwer spillen.

D’Mireille Sigal, Pastoralreferentin an der Par Lëtzebuerg Notre-Dame a Kiercheguidin, weist op d’Spure vun der fréierer Nikloskierch hin a verzielt Legende vum Kleeschen, déi an eiser Stad spillen. De Jean-Louis Zeien, Schoulreferent am Äerzbistum, geet der Fro no, wat dëse Bëschof esou „attraktiv“ gemaach huet, datt hie wäit iwwert seng Heemechts- a Wierkstad Myra eraus no West- an Osteuropa gestraalt huet, bis haut. E Bléck op seng historesch Wuerzele weist op de „revolutionären“ Charakter vum Chrëschtentum an der Antike.
Tëschent deenen eenzele Virträg léisst passend Musek de Raum erkléngen.

Horaire
25 novembre 2018 16h00
Lieu
Luxembourg-Ville
Producteur/porteur du projet
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
2132 Luxembourg
Contact
Simon, Laure
laure.simon@ewb.lu
+352 691 804082
© Serge Koch
© Roger Nilles
Illustration Fernand Urhausen