De Kleeschen fir Grouss a Kleng. Formatioun fir Kleesercher

15 November 2018
Éducation/Sensibilisation
Atelier

Am Hierscht, kuerz virum 6. Dezember, brauch de Kleeschen eng Partie Leit, déi em hëllefen. Mee, ween ass de grousse Frënd vun de Kanner iwwerhaapt, a firwat ass en esou beléift bei Grouss a Kleng? Wéi schwätzt een als Kleeschen am beschte mat de Kanner, a wéi e Gezei ass dat richtegt, fir datt de Kleeschen och nëmmen net mam „Père Noël“ oder soss engem Weihnachtsmann verwiesselt gëtt?

Mam Romain Richer, Aumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, a Laure Simon, ErwuesseBildung, gëtt sech spilleresch un de Personnage erugetaascht. Mam Carine Schmit-Kayser, Spillschoulsjoffer a Poppespillerin, gëtt gekuckt, wéi een sech kleet an e Personnage verkierpert, dee bei de Kanner Léift a Respekt vermëttelt.

Dës Formatioun riicht sech u jonk an eeler Männer, déi Freed un eisen Traditiounen hunn, an am Kader vu Gemengen-, Veräins oder private Feierlechkeeten oder fir e Commerce Kleeschen „spillen“. Op Ufro kann een „Certificat de Formation“ ausgestallt ginn.

18 Euro fir jonk Leit vu 16 bis 25 Joer, 25 Euro fir all déi aner. Min. 7, max. 15.
Umeldung: Tel.: +352 4 47 43-340 oder info@ewb.lu bis de 6.11. Gitt w.e.g. d’Coursnummer 184530K un.
Plaz: Erwuessebildung, 5 Avenue Marie-Thérèse, Entrée G, Lëtzebuerg.

Horaire
15 November 2018 18h30
Lieu
Luxembourg-Ville
Producteur/porteur du projet
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
2132 Luxembourg
Contact
Simon-Becker, Laure
info@ewb.lu
+352 4 47 43-340