D’Legend vum hellegen Niklos – Liesung mam Christine Marx

29 novembre 2018
Éducation/Sensibilisation
Jeune public, Lectures

Et ginn eng Partie Legenden iwwert den hellegen Zinniklos z’erzielen. Am Buch Die Legende vom heiligen Nikolaus (Herder) huet de Pater Anselm Grun dei bekanntste Legende fir Kanner erzielt. Dëst Buch gouf vum Christine Marx a Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat an ass bei Kremart Edition erauskomm.

D’Christine Marx wäert an dëser Stonn aus dem Buch op Däitsch a Lëtzebuergesch virliesen an e bësschen iwwert den Hellege Mann a säi Liewen erzielen.

Dauer: 1 Stonn.
Zilgrupp: Tout Public / Maison Relais, etc.
Alter: Cycle 2 – 3. Maximal 20 Kanner (d’Eltere kënnen dobäibleiwen).
Entrée: 8 €/Persoun.
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch.
Plaz: ErwuesseBildung (Centre Convict, Gebai G, RdC)  5, avenue Marie-Thérèse, Lëtzebuerg.
Umeldung obligatoresch. Gitt w.e.g. bei der Umeldung un: d’Coursnummer, d’Zuel vun de Kanner an de Begleetpersounen an Alter vun de Kanner.
Cours Nr.: 18489M.

Horaire
29 novembre 2018 14h15
Lieu
Luxembourg-Ville
Producteur/porteur du projet
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
2132 Luxembourg
Contact
Mertes, Danielle
danielle.mertes@ewb.lu
+352 44743340