Den Zinniklos a seng Legenden: Bimbotheater

24 novembre 2018
Éducation/Sensibilisation
Jeune public, Performance

De Kleeschen däerf an eise Géigenden net am Kalenner feelen. Ronderëm de geschichtlechen Niklos ginn et etlech Legenden, dovunner och déi aus senger Ursprongsgéigend Myra, déi bei eis manner bekannt sinn.

Mam Bimbotheater geet et op d’Rees no Myra, wou et sou munches ze entdecke gëtt. D’Stéck ass vum Jean-Louis Zeien, adaptéiert vum Angie Schneider, an an der Traditioun vum gudden ale Bimbotheater. D’Konzept ass vum Max a Medi Geiben a gespillt vum Angie Schneider a Pit Vinandy.

Kanner an Erwuessener: 9 €. Max. 180 Persoune (fir Kanner vum Cycle 1.2, vu +/- 4 Joer un, bis 10 Joer).
Tel.: +352 4 47 43-340 oder info@ewb.lu bis den 10.11. Gitt w.e.g. d’Coursnummer 184710K un.
Dauer: ca. 60 Minutten.
Plaz: Centre culturel, Rue de l’Église, Mensdorf.
Am Agang ass och eng Bicherausstellung zum Thema „De Kleeschen a seng Legenden“ fir Grouss a Kleng.

Horaire
24 novembre 2018 14h00
Lieu
Mensdorf
Producteur/porteur du projet
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
2132 Luxembourg
Contact
Simon, Laure
laure.simon@ewb.lu
+352 691804082