De Stater Kierchbierg-Plateau, 60 Joer Urbanismus an Architektur

24 September 2018
Éducation/Sensibilisation
Conférence

Am Joer 1961 gouf de Fonds d’Urbanisation et d’Aménagement du Plateau du Kirchberg an d’Liewe geruff. Seng Aufgabe waren de Bau vun enger Bréck iwwer de Pafendall, d’Plangen an d’Entwéckele vum Kierchbierger Plateau, d’Realiséiere vun der Verkéiersinfrastruktur an de Kaf vu Land bannent deem vum Gesetz festgeluechte Perimeter. No dem Plateau Bourbon, deen zanter 1903, nieft der Passerelle, duerch déi eenzegaarteg Nei Bréck mat der Uewerstad verbonne gouf, kënnt et zur Konstruktioun vun der net manner impressionnanter Rouder Bréck a kuerz drop och zum „Héichhaus“. D’Stad huet 1963 grad hieren dausendste Gebuertsdag gefeiert a wëll elo Europahaaptstad ginn, De Kierchbierg soll deemerno amenagéiert ginn. Et ass awer och d’Zäit vum Glawen un den Individualverkéier an esou kënnt et zu engem éischten, exklusiv autosgerechten Urbanismus. Op architektoneschem Plang soll et Enn vun de 1970er Joren, no den éischte markante Pionéierkonstruktiounen  (Héichhaus, Schuman-Gebai, Europäesch Investitiounsbank, Europäescht Geriicht…), zu engem spektakuläre Bau kommen. De Centre 300, de sougenannte „Kueb“ sollt realiséiert ginn.  Spéitstens deen Ament gëtt deen Urbanismus- an Architekturmodell dann awer vum Vollek an och vu verschiddenen Experte kategoresch a Fro gestallt. Wéi et duerno viru goung an awer och, wéi eng Iwwerleeunge schonn an der éischter Hallschecht vum 20. Jorhonnert zum Kierchbierg gemaach goufen, dovun handelt des Konferenz.

Nom Virtrag gëtt e Patt offréiert an d’Raimlechkeete vum neie Konferenzzenter am Bierger Schlass gewisen.

Am  Buerglënster Schlass, Sall Metzenhausen (2. Stack).

Cet événement est organisé dans le cadre des Journées européennes du patrimoine.

Horaire
24 September 2018 19h00
Lieu
Bourglinster
Producteur/porteur du projet
Service des sites et monuments nationaux
26, rue Münster
2160 Luxembourg
Contact
Service des sites et monuments nationaux
info@ssmn.public.lu
+352 247-86650 ou 86652