D’Auerwierk aus dem Kierchtuerm vun der Méchelskierch um Fëschmaart gëtt restauréiert

23 September 2018
Éducation/Sensibilisation
Visite guidée

Den 3. Oktober 1902 huet d’Stad Lëtzebuerg, ënnert dem deemolege Buergermeeschter Emile Mousel, beim Lambert Schroeder, Auermécher a Bijoutier, en neit Auerwierk fir d’Méchelskierch um Fëschmaart a Bestellung ginn. Uganks 1903 gouf dat neit Auerwierk geliwwert, an och am Kierchtuerm montéiert. D’Auerwierk selwer kënnt aus enger vun deene bedeitendsten Auermanufakturen aus Europa, der Manufaktur „Ungerer“, an huet bis 1945 de Leit d’Zäit ugesot. Iwwregens, d’Tuermauer vum Schengener Schlass an d’Auer vum Stroossbuerger Münster kommen och vun der Manufaktur Ungerer.

De Comité Alstad huet d’Initiative ergraff, fir dat Auerwierk komplett renovéieren ze loossen, an et duerno an der Méchelskapell vun der Méchelskierch dem Publikum zougänglech ze maachen. Mir si ganz frou, datt den Här Georges Jungblut (Galerie-Bijouterie aus der Fleeschiergaass), e Spezialist a Restauratioun vun alen Aueren, sech bereet erkläert, fir déi Restauratiounsaarbechten duerch ze féieren.

Bei dëser Visitt kënnt der dem Här Jungblut iwwer d’Schëllere kucken,  wéi hien un dem imposanten Auerwierk (3 Meter Längt) schafft fir dat erëm an d’Rei ze bréngen. Hien huet bestëmmt och déi passend Äntwert op all Är Froen!

Rendez-vous an der Galerie – Bijouterie Jungblut, 7, rue de la Boucherie (Fleschiergaass) um Fëschmaart.

Cet événement est organisé dans le cadre des Journées européennes du patrimoine.

Horaire
23 September 2018 14h00-18h00
Lieu
Luxembourg-Ville
Producteur/porteur du projet
Comité Alstad a.s.b.l
Boîte postale 1325
1325 Luxembourg
Contact
ESCH, Claude
comite.alstad@pt.lu
+352 46 61 88
© Comité Alstad a.s.b.l.
© Comité Alstad a.s.b.l.
© Comité Alstad a.s.b.l.